En Donneschdeg den Owend goufen am Volleyball d'Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg bei den Damme gespillt.

De Chev Dikrech konnt sech souverän an 3 Sätz géint Stengefort behaapten. Den éischte Saz konnt Dikrech mat 25:8 fir sech entscheeden. Am zweete Saz koum dunn e bësse méi vu Stengefort, ma och dëse Saz gouf héich mat 17:25 verluer. Den drëtte Saz huet Dikrech mat 25:16 op een Enn bruecht. Domadder steet Dikrech an der Finall vun der Coupe de Luxembourg bei den Dammen.

Den Titelverdeedeger Walfer hat dann och wéineg Problemer mat der Gym. Am éischte Saz konnte si sech mat 25:20 duerchsetzen. Dëst sollt dann och de beschte Saz vun den Damme vun der Gym sinn. Am zweete Saz huet Walfer kuerze Prozess gemaach a just 7 Punkten zougelooss. Den drëtte Saz war dann nees e bësse méi seréiert, ma awer huet sech Walfer och hei mat 25:19 duerchgesat.

D'Finall vun den Dammen tëscht Dikrech a Walfer ass e Samschdeg um 17 Auer.

Hären

Bei den Häre ginn e Freideg den Owend déi zwee Finaliste gesicht. Um 18.30 Auer sti sech Esch a Bartreng géigeniwwer. Um 20.30 Auer ass et d'Partie Luerenzweiler géint Fenteng.

D'Finall vun den Hären ass e Samschdeg um 19.30 Auer, dat gëtt den Nofolger vu Stroossen gesicht.