Ademir Balaban mat gelongenem Optakt

© Claude Sibenaler/FLTT
Vun e Freideg bis e Sonndeg sinn d'Luxembourg 2017 ITTF World Junior Circuit Finals. Hei spillen déi 16 bescht Junioren a Juniorinne géinteneen.
A senger éischter Partie an der Gruppephas konnt den Ademir Balaban sech kloer mat 4:0 géint den Artur Abusev aus Russland behaapten. De Spiller aus Russland steet an der U18 Weltranglëscht op der 39. Plaz, de Lëtzebuerger kënnt hei op d'Plaz 141.
An der zweeter Partie an der Gruppephas huet dunn awer net méi ganz esou gutt ausgesi fir de Lëtzebuerger. Hie verléiert mat 2:4 géint den Manush Utpalbhai Shah aus Indien. Fir de Spiller vum DT Houwald ass d'Qualifikatioun fir d'Véierelsfinall awer nach ëmmer dran, ma et gëtt schwéier, well de Géigner e Samschdeg am leschte Match vun der Gruppephas, ass de Cristian Pletea. De Spiller aus Rumänien ass a senger Altersklass d'Nummer 14 vun der Welt.
Déi éischt zwee aus all Grupp qualifizéiere sech fir d'Véierelsfinallen, déi zwee lescht aus all Grupp kommen an d'Trouschtronn.
Fir d'Sarah Meyer gesäit et bei den Dammen allerdéngs net esou gutt aus. D'Lëtzebuergerin huet e Freideg hir béid Partien an der Grupp verluer, dat mat 0:4 géint d'Archana Girish Kamath (IND/U18 WR 34) a mat 1:4 géint d'Amy Wang (USA/U18 WR 49).
E Samschdeg spillt si dann an der leschter Partie vun der Gruppephas nach géint d'Maki Shiomi, d'Nummer 7 an der Weltranglëscht.