E Freideg den Owend stoungen déi zwou Halleffinalle vun der Coupe am Volleyball um Programm.

E Freideg den Owend konnte sech Esch a Fenteng fir d'Finall qualifizéieren, dat duerch Victoirë géint Bartreng, respektiv Luerenzweiler.

VBC Esch - Volley Bartreng 3:1 (14:25; 25:18; 28:26; 25:21)

An der éischter Partie konnt Esch sech mat 3:1 géint Bartreng behaapten. Dobäi hat d'Partie fir déi Bartrenger nawell gutt ugefaangen. Den éischte Saz konnte si sech relativ kloer mat 25 op 14 sécheren. Ma den Escher Trainer huet senge Spiller wuel dono déi néideg Motivatioun mat op de Wee ginn, well si konnten an de Sätz ausgläichen. Den drëtte Saz war immens spannend an enk, ma hei haten déi Escher déi néideg Chance fir de Saz ze gewannen an dunn hu si am 4. Saz och näischt méi ubrenne gelooss a wanne mat 3:1, esou dass si an der Finall stinn.

VC Luerenzweiler - VC Fenteng 0:3 (26:28; 21:25; 14:25)

Den éischte Saz war erwaart spannend. Laang louche béid Equippe gläich op, dat bis zum Stand vu 26 zu 26. Hei waren déi Fentenger dunn awer een Tick méi konzentréiert an esou konnt den Tabelleleader aus dem Championnat den éischte Saz mat 28 op 26 fir sech entscheeden. Och am zweete Saz war et enk, ma hei hunn déi Fentenger dunn awer ëmmer erëm e bësse méi konstant agéiert, esou dass si sech och den zweete Saz séchere konnten, dat mat 25:21. Am drëtte Saz war de Wëlle vu Luerenzweiler du gebrach, well Fenteng konnt sech schonns fréi am Saz eng komfortabel Avance erausspillen. Dës hu si du bis zum Enn vum Saz gehalen an esou wanne si dës Partie mat 3:0 a stinn nieft Esch an der Finall vun der Coupe.