Um Samschdeg goufen am Volleyball souwuel bei den Dammen wéi bei den Hären d'Finall vun der Coupe gespillt.

Hären

Bei den Häre war et eng ganz däitlech Ugeleeënheet an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an et ass Fenteng déi sech mat 3:0 géint Esch duerchgesat hunn. Nodeems et am éischte Saz mam 25:22 nach eng enk Affär war ass et an de Sätz zwee an dräi dann awer mat 25:19 respektiv 25:16 däitlech ginn. Soumat gewënnt Fenteng fir d'zweet Kéier hannerteneen d'Coupe de Luxembourg.

AUDIO: Den Escher Arnaud Maroldt um Mikro vum Franky Hippert
AUDIO: De President vu Fenteng Jacques Feyder am Interview
RTL

© Franky Hippert

Dammen

Walfer wënnt d'Coupe am Volleyball géint Dikrech
Walfer huet sech souverän mat 3:1 duerchgesat.

Bei den Dammen huet d'Finall Dikrech géint Walfer geheescht. Den éischte Saz konnt Dikrech knapps mat 25:22 fir sech entscheeden. Mee dono ass den Titelverdeedeger vu Walfer esou richteg waarm gelaf a konnt den zweeten an den drëtten Saz mat 25:12 respektiv 25:11 ganz däitlech fir sech entscheeden an hunn den Dikrecher keng Chance méi gelooss. De leschten a véierte Saz war dann awer nach eng kéier ganz enk, mee Walfer kann awer och dee mat 26:24 fir sech entscheeden a gewënnt soumat d'Coupe de Luxembourg.

RTL

© Franky Hippert

Dëst ass déi véierte Kéier dat Walfer d'Coupe ka gewannen.

AUDIO: D'Nathalie Braas um Mikro vum Franky Hippert
AUDIO: D'Marthe Lorang um Mikro vum Franky Hippert