Am Dëschtennis stinn um Samschdeg a Sonndeg d'Eenzelmeeschterschaften, déi an der Coque gespillt ginn, um Programm.

Am Dubbel bei den Häre gouf et eng gréisser Iwerraschung, den Titelverdeedeger Christian Kill, deen dëst Joer zwar net méi mam Eric Glod, mee mam Fabio Santomauro ugetrueden ass, gouf schonns fréi eliminéiert, dat vun der Koppel Zeimes/Michely. Ma och de Ronny Zeimes an de Luc Michely sollten et net vill méi wäit packen, well si hu sech de Reckener Spiller Mike Kraus a Louis Gira misse geschloe ginn, déi domat e Sonndeg an den Halleffinallen untrieden. Iwwerdeems konnten de Christian Schaus an den Daniel Wintersdorff eng Victoire géint d‘Koppel Dielissen/Gonderinger feieren a stinn domat och an der Halleffinall.Den Eric Glod an de Carlo Feltes hunn et och an d‘Halleffinalle gepackt a spillen hei géint d‘Koppel vu Recken. Den Eric Thillen an de Luka Mladenovic hunn de Wee an d‘Halleffinall och iwwerstanen an trieden e Sonndeg géint Schaus a Wintersdorff un.

Eng weider Iwwerraschung gouf et am Dubbel Mixed. De Luc Michely an d‘Danielle Konsbruck hue sech ganz iwwerraschend dem Kevin Kubica an dem Jennifer Boes misse geschloe ginn.

Awer fir déi gréissten Iwwerraschung huet de Kevin Kubica gesuergt. De Spiller vun Iechternach konnt méi wéi iwwerraschend de Christian Kill schloen. Den Diddelenger verléiert um Enn mat 1:4 a muss seng Dreem vun engem Titel am Eenzel bis op Weideres begruewen.

Bei den Häre stinn den Traian Ciociu, den Titelverdeedeger Luka Mladenovic, den Eric Glod an de Gilles Michely an den Halleffinallen. Den Traian Ciociu konnt sech an der Véierelsfinall kloer mat 4:0 géint den Alberto Moro behaapten, deen den Ademir Balaban eliminéiere konnt. De Luka Mladenovic huet sech och kloer mat 4:0 géint de Kevin Kubica, deen an der Aachtelsfinall ganz iwwerraschend géint de Christian Kill mat 4:1 gewonnen hat, duerchgesat. Den Eric Glod huet géint de Marc Dielissen d‘Iwwerhand behalen an de Gilles Michely hat däitlech Problemer mam Fabio Santomauro, konnt sech um Enn awer mat 4:3 duerchsetzen.

Den Traian Ciociu spillt e Sonndeg géint de Luka Mladenovic an den Eric Glod géint de Gilles Michely.

Bei den Damme si gréisser Iwwerraschungen ausbliwwen, déi grouss Favoritin Sarah de Nutte steet no der Victoire géint d‘Jennifer Boes an den Halleffinallen. D‘Carole Hartmann huet sech méi schwéier gedoen, d‘Spillerin vun Iechternach huet sech knapps géint d‘Lens Grein behaapt! Och qualifizéiert fir d‘Halleffinalle sinn: d‘Danielle Konsbruck an d‘Egle Tamasauskaite.

Am Dubbel bei den Dammen heeschen d'Matcher an der Halleffinall Lorella Mezzapesa/Sarah Meyer géint d'Egle Tamasauskaite/Carole Hartmann an Danielle Konsbruck/Martine Simon géint d'Dominique Kieffer/Liz Lethal.