Sarah de Nutte wëll op d'olympesch Spiller 2020 zu Tokio
Leschte Sonnden ass d’Sarah de Nutte fir déi 6. Kéier a 7 Joer national Championne am Dëschtennis ginn.
Déi grouss Defie leie fir déi 25 Joer al Profispillerin awer am Ausland. Dofir wunnt d’Sarah de Nutte zënter kuerzem zu Düsseldorf. Dat grousst Zil bleift Olympia 2020 zu Tokyo. An eng Qualifikatioun ass alles anescht wéi utopesch.
D'Weltranglëscht ass leschte Mount zu Gonschte vun Athleten, déi vill Tournoie spillen, nei gerechent ginn. Deemno huet sech d’Sarah de Nutte bis op d'Positioun 62 no vir geschafft. Mat Ausnam vum Ni Xia Lian war nach keng Lëtzebuergerin sou gutt placéiert.
D’Sportzaldotin huet awer och alles gemaach, fir dohinner ze kommen. No der Arméi ass d’Lëtzebuerger Nummer 2 op d'Werner Schlager-Akademie op Wien gaangen, fir ënnert professionelle Konditiounen ze trainéieren. Zanter kuerzem ass d’Sarah de Nutte zu Düsseldorf, wou si mat der dätscher Nationalequipe trainéiert.
Nieft den internationalen Tournoie spillt d’Sarah de Nutte an der Bundesliga fir Bad Driburg. D'Lëtzebuergerin läit mat hirem Club op der 4. Plaz an der Tabelle a stoung viru kuerzem an der Finall vun der Coupe. Am Veräin an der Géigend vu Paderborn sammelt d’Sarah de Nutte Confiance fir hir Optrëtter am Ausland.
Mat der Lëtzebuerger Nationalequipe koum d’Sarah de Nutte d’lescht Joer op déi 11. Plaz bei der EM am Grand-Duché. Virun eegenem Publikum ze spillen, war eng impressionnant Experienz an hirer Karriär, mee dat grousst Zil bleiwen d'olympesch Spiller 2020.
D’Sarah de Nutte huet sech an de leschte Jore kontinuéierlech verbessert an et kann een dovunner ausgoen, dass hir Evolutioun nach net um Enn ass. Et brauch deemno nëmmen e bësse Gléck, da misst den Dram Olympia Realitéit ginn.