De Kamil Rychliki verléiert d'Finall an der Belscher Coupe
De Lëtzebuerger Nationalspiller verléiert 1:3 géint Roeselare.
An der Belscher Coupe Finall am Volleyball verléiert de Kamil Rychlicki mat Maaseik a véier Säz (22:25, 25:23, 16:25, 23:25) géint Roeselare. De jonke Lëtzebuerger kann also nach net den 1. Titel fir dës Saison feieren. Dëst ass bëssen iwwerraschend wëll sech Maaseik am Championnat zwee mol géint de neie Coupegewënner konnt duerchsetzen.
An der däitscher Volleyball-Bundesliga hat Düren mam Gilles Braas et mat Friedrichshafen ze dinn. D'Equipe vum Lëtzebuerger verléiert hei mat 1:3. Fir de Chris Zuidberg a Bühl ass et iwwerdeems besser gelaf. Si wannen viru 450 Spectateuren 3:1 géint Solingen.
Am Basket waren an der zweeter Divisioun an Däitschland e Samschdeg den Owend d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün géint d'Hamburg Towers gefuerdert. An hei war et eng ganz spannend Partie, dat bis zum Schluss, obwuel Tréier schonns an der éischter Hallschent 12 Punkten hanne war. Si hu sech awer net opginn a sinn nach eng Kéier erukomm an do ass de grousse Moment vum Thomas Grün komm. Beim Stand vun 82 zu 83 aus Tréierer Siicht huet de Simon Schmitz et a leschter Sekonn mat engem Dräier versicht, dee sollt awer net eragoen, mee de Lëtzebuerger Thomas Grün huet sech do de Ball gekroopt an huet en an de Kuerf eragedréckt, esou dass hie mat der Schlusssiren fir d'84:83-Victoire fir Tréier suerge konnt. Um Enn kënnt de Lëtzebuerger op 2 Rebounds, 3 Assists a 4 Punkten.
An der Bundesliga bei den Dammen verléieren d'Saarlouis Royals mam Magaly Meynadier 81 op 90 géint d'Fireballs bad Aibling. D'Lëtzebuerger Nationalspillerin stoung 37 Minutten um Terrain an hatt mat 19 Punkten, 3 Rebounds an 2 Assists ee ganz gudde Match. D'Anne Simon huet bei Saarlouis net gespillt.