En Dënschdeg den Owend huet RSR Walfer matgedeelt, dass de Ben Angelsberg fir d'Saison 2018/2019 de Poste vum Trainer iwwerhuele wäert.

Dat, well d'Marina Antova aus perséinleche Grënn hiert Traineramt net méi ausféiere kann. Den 30 Joer Joer alen Angelsberg huet schonns dëst Joer zesumme mam Marina Antova d'Equipe trainéiert, dëst wäert och nach bis Enn der Saison esou weiderlafen a vun nächster Saison un, muss de Ben Angelsberg dann eleng op der Trainerbänk setzen.