An der éischter Halleffinale bei den Hären hat sech Bartreng e Samschdeg ouni Problem mat 3-1 géint Stroossen duerchgesat.

Um Sonndeg huet Fenteng kloer mat 3-0 géint Luerenzweiler gewonnen. An de Sätz war de Match awer net ganz esou kloer. Den éischte Saz konnt ee mat 25-22 fir sech entscheeden, den zweete mat 25:19 an den drëtte mat 25-23.

Am Playdown bei den Hären wënnt Dikrech 3-1 géint Esch a Walfer spillt doheem 3-2 géint Péiteng.