Lëtzebuerger Volley- a Basketballspiller am Ausland
De Gilles Braas wënnt géint de Chris Zuidberg

An der 1. Bundesliga am Volleyball huet de Gilles Braas mat Düren 3-2 géint Bühl mam Chris Zuidberg gewonnen. Düren läit an der Tabell op der 4. Plaz.
An der zweeter Bundesliga am däitsche Basket hunn d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün ganz knapp mat 86:84 géint Karlsruhe Lions gewonnen. Den Thomas koum iwwer 21 Minutten zum Asaz an hat 9 Punkten. D'Gladiators Tréier stinn weiderhin op der 7. Plaz an der Tabell.
Am meeschte gelies