Éiter-Waldbriedemes steet als lescht Ekipp am Titelgrupp

Um leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsphas huet Éiter-Waldbriedemes sech knapp mat 6:4 zu Bäerbuerg behaapt.
Fir Bäerbuerg an Éiter-Waldbriedemes ass et um Sonndeg am direkten Duell nach ëm déi 4. Plaz an der Tabell an domadder ëm d'Qualifikatioun fir den Titelplayoff gaangen. Bäerbuerg wär doheem ee Remis duergaangen, ma och dat sollt näischt notzen. Am Opsteigerduell hat no spannende Partien Éiter-Waldbriedemes dat bessert Enn fir sech an huet mat 6:4 gewonnen. D'Gäscht hunn et domadder fäerdeg bruecht, sech fir den Titelplayoff ze qualifizéieren.
PDF: Feuille d'arbitrage Bäerbuerg-Éiter/Waldbriedemes
An de weidere Partien um leschte Spilldag gouf et souverän Victoirë fir Diddeleng, Hueschtert-Foulscht an den Houwald.
De Leader Diddeleng hat keng Problemer zu Recken a gewënnt 6:0. De Gilles Michely, de Zoltan Feyer-Konnerth, de Christian Kill an de Mike Bast hunn hir Partien alleguer ganz souverän gewonnen. Am Ganzen hunn déi Diddelenger nëmmen 3 Sätz missen ofginn.
PDF: Feuille d'arbitrage Recken-Diddeleng
Kloer war och d'Victoire vun Hueschtert/Foulscht géint d'Union. Den Tim Janssens a Co. hu sech mat 6:1 behaapt. Den eenzege Punkt fir d'Union huet den Alexander Fischer gemaach. Hie feiert eng 3:2-Victoire géint den Tim Janssens. Méi enk waren d'Partien tëscht dem Olivier Joannes an dem Alexander Fischer an déi tëscht dem Jerry Koob an dem Jules Harles. Um Enn hunn d'Spiller vun Hueschtert/Foulscht sech awer mat 3:2 behaapt.
PDF: Feuille d'arbitrage Hueschtert/Foulscht-Union
Um Sonndeg huet nach Iechternach mat 3:6 géint den Houwald verluer.
PDF: Feuille d'arbitrage Iechternach-Houwald
Um Enn vun der Qualifikatiounsphas steet Diddeleng un der Spëtzt mat 41 Punkten. Den Houwald kënnt op 39 Punkten an Iechternach huet der op der drëtter Plaz 30. Als lescht Equipe ass dann nach Éiter-Waldbriedemes op der 4. Plaz am Titelplayoff.