E Sonndeg ass zu Rued den zweete Spilldag vum Dëschtennis-Dammen-Équippe-Championnat ausgedroe ginn.

Domat geet d'Trophée Nicole KRECKE-REINERT, genau ewéi am Joer 2017 un d'Equipe vu Rued. D'Danielle Konsbruck, d'Annick Stammet, d'Vinita Schlink an d'Tessy Gonderinger kënnen no der Victoire an der Coupe also ee weideren Titel feieren.

Op déi zweete Plaz kënnt d'Equipe vun Nidderkäerjeng, déi sech och schonns an der Coupe den Rueder Dammen hu misse geschloe ginn. Déi lescht Plaz um Podium ass fir den DT Houwald.