De Weekend sinn d'Ni Xia Lian mat Girbau-Vic TT an d'Sarah de Nutte mat TuS Bad Driburg an de Véierelsfinalle vum ETTU-Cup ugetrueden.

Fir d'Ni Xia Lian a Girbau-Vic TT war et ee gelongene Retourmatch géint UCAM Cartagena TM. Nodeems den Allersmatch mat 3:1 gewanne konnt, konnt d'Equipe vun der Lëtzebuergerin och de Retourmatch mat 3:1 fir sech entscheeden an esou sti si an der Halleffinall vum ETTU-Cup. D'Ni Xia Lian war bei dëser 3:1-Victoire och staark um Erfolleg bedeelegt, dat well si sech géint d'Schwedin Matilda Ekholm mat 3:1 behaapte konnt. D'Schwedin steet op der 33. Plaz an der Weltranglëscht an ass domat 21 Plaze besser klasséiert, ewéi d'Lëtzebuergerin an awer hat si keng Chance, well si verléiert dräi Sätz relativ kloer, dat op 3, op 6 an op 8.

RTL

© Val Wagner

Fir d'Sarah de Nutte a Bad Driburg ass et net esou gutt verlaf an de Véierelsfinallen. Nodeems si an der Finall vun der däitscher Coupe verluer haten, konnte si beim ETTU-Cup net iwwert d'Véierelsfinallen erauskommen. Den Allersmatch hat déi däitsch Equipe schonns mat 1:3 verluer, dat géint TMK Tagmet Taganrog aus Russland. Am Retourmatch konnt ee sech zwar verbesseren, ma och hei gouf et eng Néierlag. D'Sarah de Nutte huet sech dem Elena Troshneva misse geschloe ginn an esou verléiert Bad Driburg mat 2:3 an ass domat eliminéiert.

RTL

© Val Wagner

De Weekend war awer och de Luka Mladenovic am Asaz. An der 2. däitscher Liga verléiert hie mam 1. FSV Mainz 05 mat 2:6 géint den TTC Frickenhausen. Hei huet de Luka Mladenovic ganz onglécklech géint de Liang Qiu verluer, dat nodeems hien an der Sätz 2:0 vir war. Och fir déi zweet Equipe vu Mainz war de Lëtzebuerger de Weekend am Asaz. Hei konnt een eng Kéier mat 9:5 géint den TTC Wirges gewannen, wou de Luka Mladenovic seng zwou Partië gewanne konnt. Bei der 4:9-Néierlag géint den SV Salamander Kornwestheim huet de Lëtzebuerger sech mat 1:3 dem Josef Simoncik misse geschloe ginn, ma a senger zweeter Partie konnt hien de Kroat Roko Tosic bezwéngen, deen 113 Plaze besser klasséiert, ewéi de Lëtzebuerger.

RTL

© Val Wagner