En Dënschdeg war am Dëschtennis den Optakt vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaften 2019 zu Nantes a Frankräich.

Zu Athen gouf et en Dënschdeg den Owend am Optaktmatch géint Griicheland awer eng 0:3-Néierlag fir d'Lëtzebuerger Ekipp. D'Partie huet guer net gutt ugefaange fir Lëtzebuerg, dat well den Traian Ciociu a senger Partie géint d'griichesch Nummer 1 Panagiotis Gionis huet missen opginn, well hie sech um Fouss wéigedoen hat.

Uschléissend hat den Eric Glod et mam Junioren-Europameeschter Ioannis Sgouropoulos ze dinn. De Lëtzebuerger konnt zwar all Saz mathalen, mee um Enn vun der Partie ass et awer net duergaangen, fir ee Saz ze gewannen, esou dass de frësch gebakene Landesmeeschter mat 0:3 verléiert.

An der drëtter Partie ass de Marc Dielissen dunn ugetrueden, dem Houwalder Spiller stoung den Giorgios Konstantinopoulos géigeniwwer an och hei gouf et eng kloer Néierlag.

An der zweeter Partie vun der Em-Qualifikatioun wäert et och definitiv net méi einfach gi fir d'Lëtzebuerger, well hei heescht de Géigner, Russland.