Timo Boll gëtt eelsten Nummer 1 vun der Welt

15 Joer nodeems den Timo Boll déi éischte Kéier op der Spëtzepositioun vun der Weltranglëscht stoung, ass hien elo déi eelsten Nummer 1 an der Geschicht.
Am Alter vun 21 Joer hat hien deemools d’Plaz 1 vun der Welt am Dëschtennis erreecht. Et ass elo insgesamt déi véierte Kéier, dass hie sech dës Positioun séchere kann. Nodeems hien Ufank Februar fir déi 6. Kéier de Europe-Top-16-Tournoi zu Montreux gewanne konnt, ass hien elo den eelsten Dëschtennis-Spiller, dee jee op d'Plaz 1 vun der Weltranglëscht stoung.
Dobäi kënnt, dass et déi éischte Kéier an der Geschicht vum Dëschtennis ass, dass een Däitsche vun engem aneren Däitschen ofgeléist gëtt op der Plaz 1. Hien iwwerhëlt d’Spëtzt nämlech vum Dimitrij Ovtcharov, deen am Dezember de Chines Ma Long ofgeléist hat.
Virun him war de Jan-Ove Waldner aus Schweden déi eelsten Nummer 1 vun der Welt. Den Olympiagewënner vun 1992 war am Oktober 1997 am Alter vun 31 Joer nach eng Kéier d’Nummer 1.
Iwwerdeems kritiséiert den Däitschen awer och den neie Weltranglëschten-System. Hie gleeft nämlech net, dass hien de beschte Spiller vun der Welt ass. Éischter ass hien der Meenung, dass de Ma Long oder de Fan Zhendong op dës Positioun gehéieren. Den neie System privilegéiert nämlech déi Spiller, déi vill Tournoie spillen. Doduerch si Spiller, déi an engem Veräin spillen, benodeelegt, well den neie System géing de Spiller keng Paus loossen a géing hinne keng Blessuren erlaben, esou den Timo Boll.