Bei den Hären steet Fenteng an der Finall

An der zweeter Halleffinall gewënnt Stroossen géint Bartreng a soumat gëtt nach en drëtten an entscheedende Match gespillt.
Hären
An der éischter Halleffinall vum Owend gewënnt Fenteng zu Luerentzweiler mat 3:1 a stinn soumat als éischt Equipe an der Finall em den Titel am Championnat. D'Heemequipe konnt den éischte Saz zwar mat 25:23 fir sech entscheeden mee dono huet Fenteng kuerze Prozess gemach a gewënnt déi nächst 3 Sätz ganz kloer (25:19, 25:10, 25:12).
Stroossen géint Bartreng heescht déi zweet Halleffinall an nodeems Bartreng déi éischt Partie doheem fir sech entscheede konnt, ass et Stroossen déi di zweet Partie gewanne kënnen (25:20, 28:26, 25:21). Soumat geet et an dësem Duell elo an en drëtten an entscheedende Match.
An der Relegatioun bei den Hären ka sech Walfer ganz knapps mat 3:2 géint Dikrech behaapten. Nodeems Dikrech den éischte Saz mat 25:20 fir sech entscheede konnt, waren déi nächst 3 Sätz ëmmer ganz knapps (27:25, 24:26, 27:25). De leschten an entscheedende 5 Saz konnt Walfer dann awer kloer mat 15:7 gewannen.
Dammen
An der éischter Halleffinall bei den Dammen sëtzt sech d'Residence vu Walfer ganz kloer zu Bouneweg géint den Gym mat 3:0 duerch (25:22, 25:18, 25:14). Nodeems Walfer och schonn den éischte Match gewanne konnt, stinn si als éischte Finallist fest.
An och an der Relegatioun gouf et eng ganz kloer Ugeleeënheet tëscht Stengefort a Fenteng wëll do gewënnt Stengefort mam nämlechte Resultat (25:14, 25:16, 25:20).