Thomas Grün feiert dëse Weekend mat Tréier 2 Victoiren

© Ant Deister
No 4 Véierel konnte sech d'Gladiators Tréier iwwert eng 92:78-Victoire bei de Phoenix Hagen freeën.
An der zweeter Däitscher Basketball-Liga konnte sech d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün iwwert zwou Victoiren dëse Weekend freeën. Um Sonndeg huet d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller auswäerts mat 92:78 géint Phoenix Hagen gewonnen. An der éischter Hallschent konnt ee sech schonn e confortabele Virsprong erausspillen an e stoung 52:38. No der Paus huet Tréier d'Fiedem net aus der Hand ginn, d'Gäscht waren zwar net méi esou dominatn wéi nach an den éischten zwee Véierel, ma um Enn gouf et trotzdem eng souverän 92:78-Victoire.
E Freideg hat Tréier doheem mat 88:74 géint Ehingen gewonnen. An der Tabell steet d'Ekipp vum Thomas Grün op der 5. Plaz.
Am Volleyball an Däitschland huet Bühl e Sonndeg an der Finall vun der Coupe mat 0:3 géint Friedrichshafen verluer. De Chris Zuidberg war net spillberechtegt fir Bühl, well hien eréischt am Januar an déi däitsch Bundesliga gewiesselt ass.
Den Alex Laurent huet mat den Helder an der éischter hollännescher Divisioun am Basket mat 55:72 zu Rotterdam verluer a steet op der zweetleschter Plaz. De Lëtzebuerger konnt 5 Punkte bäidroen.
An der zweeter däitscher Basketdivisioun huet d'Magaly Meynadier mat de Saarlouis Royals mat 80:73 géint Gina Lions Halle gewonnen.
An der éischter Divisioun am Volleyball an der Belsch huet de Kamil Rychlicki e Samschdeg ganz kloer mat 3:0 géint Waremme (25:23, 25:18, 25:17) gewonnen.