E Sonndeg den Owend konnt Dikrech sech och an der zweeter Halleffinall am Championnat kloer mat 3:0 géint Stroossen behaapten.

Am éischte Saz war d'Partie tëscht Dikrech a Stroossen nach ausgeglach. Dat bessert Enn fir sech hat d'Lokalekipp mat 25:23. Den zweete Saz hunn d'Damme vun Dikrech mat 25:21 gewonnen an am drëtte Saz war et dunn eng kloer Affär, dëse geet mat 25:15 un d'Lokalekipp. Dikrech wënnt no der 3:1-Victoire an der éischter Halleffinall, déi zweet mat 3:0 a steet nieft Walfer an der Finall.

Walfer hat an den zwou Halleffinalle keng Problemer géint d'Gym. E Samschdeg hate si no engem souveränen 3:0 (25:22, 25:18, 25:14) sech den Titet fir d'Finall geséchert. D'Walfer huet domadder d'Chance de Championstitel vun 2017 ze verdeedegen.

Bei den Häre gëtt nach de Géigner vu Fenteng an der Finall gesicht. Dës Decisioun fält den nächste Sonndeg an der drëtter Halleffinall tëscht Bartreng a Stroossen.