Vun en Donneschdeg un ass de Luka Mladenovic bei den U21-Europameeschterschaften zu Minsk a Wäissrussland am Asaz.

De Lëtzebuerger Vize-Landesmeeschter trëtt esouwuel am Eenzel, ewéi och am Dubbel un. Aktuell steet de jonke Lëtzebuerger op der 73. Plaz an der U21-Europa-Ranglëscht a muss esou an der Qualifikatioun untrieden.

Qualifizéiert fir dës EM hu sech déi 56 bescht placéiert Spiller vun der europäescher Ranglëscht, woubäi awer maximal dräi Spiller an dräi Spillerinne pro Verband zougelooss ginn.

Am Dubbel spillt de Lëtzebuerger zesumme mam Thibaut Darcis aus der Belsch, deen an dëser Ranglëscht op der 45. Plaz steet. Och mat dobäi ass säi coach, de Peter Teglas.