Christian Kill verléisst den DT Diddeleng, Joao Aguiar kënnt

© Val Wagner
Aus dem Dëschtennis ass et d'Nouvelle, dass de Christian Kill déi nächste Saison net méi beim Champion Diddeleng spillt.
Dat huet de Club e Freideg matgedeelt. De Christian Kill ass beim DT Diddeleng grouss ginn a verléisst no ronn 20 Joer de Veräin. Mat DT Diddeleng konnt hie 6 mol d'Coupe a 5 Championstitele gewannen.
Als Ersatz gouf de 17 Joer jonke Joao Aguiar engagéiert. Hie wiesselt vu Recken an d'Forge du Sud. De Joao Aguiar, dee beim DT Reiland ugefaangen huet, zielt als eent vun de gréissten Talenter am Lëtzebuerger Dëschtennis.
Domat wäert et zwee Changementer ginn an der Equipe vum DT Diddeleng, et war jo schonns bekannt, dass de Fabio Santomauro vun der Union op Diddeleng wiesselt, fir de Mike Bast ze ersetzen.