An der 2. Gruppephas huet de Lëtzebuerger e Freideg zwou vu sengen dräi Partië verluer an ass domat eliminéiert.

De Luka Mladenovic konnt sech en Donneschdeg den Owend a senger Grupp als Zweeten fir de "Stage 2" qualifizéieren.

Am Ganzen hat hien dräi Matcher an der 1. Gruppephas. En Donneschdeg de Moien hat hien et mam Vladimir Sidorenko aus Russland ze dinn. De Lëtzebuerger huet sech hei no 6 ganz enke Sätz mat 2:4 misse geschloe ginn, de Russ steet am Europaranking op der 27. Plaz. A Senger zweeter Partie dunn ee weidere Krimi, dat géint de Spuenier Carlos Caballero. Dëse Match ass iwwert déi komplett Distanz vu 7 Sätz gaangen an hei hat de Lëtzebuerger dat méi glécklecht Enn fir sech. Virun der leschter Partie huet et net gutt ausgesinn fir de jonke Lëtzebuerger, dat well an der leschter Partie d'Nummer 23 vun Europa op hie gewaart huet, de Schwed Simon Berglund. De Vize-Landesmeeschter huet hei awer ee ganz gudde Match gemaach a konnt um Enn iwwerraschend mat 4:2 gewannen a qualifizéiert sech also mat 2 Victoiren aus dräi Matcher als Gruppenzweeten.

Am Stage 2 gouf elo weider a Gruppe gespillt an hei hu sech déi éischt 2 aus all Grupp fir d'Ronn vun de beschte 16 qualifizéiert.

Ma de Lëtzebuerger hat hei eng ganz schwéier Grupp erwëscht. An der éischter Partie hat hien et mam Cristian Pletea ze dinn. De jonke Rumän, deen op der 5. Plaz am EU-Ranking steet, huet dem Lëtzebuerger kaum eng Chance gelooss. A senger zweeter Partie géint d'Nummer 12 an der U21-Europaranglëscht, den Türk Ibrahim Gündüz, konnt de Mladenovic besser mathalen, mee och hei gouf et eng 1:4-Néierlag. Ma fir de Lëtzebuerger gouf et an der leschter Partie awer esou eppes, ewéi een Trouschtpräis. Hie kann nämlech a 7 Sätz, mat 4:3 géint de Jiri Martinko gewannen. Den Tschech steet op der 22. Plaz am Ranking. Domat ass de Lëtzebuerger zwar eliminéiert, ma hie gehéiert awer zu de beschten 32 Spiller an der U21 an Europa.