Rychlicki féiert Maaseik zur Victoire

© pressphoto Archiv
An der Volleyball Champions League féiert de Lëtzebuerger Kamil Rychlicki säi Club Noliko Maaseik mat 16 Punkten zur 3:0-Victoire géint Novosibirsk.
D'Ekipp aus Russland war favoriséiert, ma Maaseik konnt mat 3:0 (25-23, 26-24, 30-28) gewannen. Den Nationaalspiller Kamil Rychlicki beandrockt mat 16 Punkten an enger 68-prozenteger Reussite an der Attack.
Maaseik, déi et als Drëtten an hirer Pool esou just an de Playoff gepackt haten, iwwerraschen domat de russesche Vertrieder, déi als Éischten aus hirer Grupp eigentlech kloer favoriséiert waren.
Domat ass d’Ausgangspositioun virum Réckmatch an enger Woch a Russland natierlech excellent, wou da „just“ nach 2 gewonne Sätz duer ginn, fir de nächsten Tour ze erreechen.