Fenteng behält mat 3:2 géint Stroossen d'Iwwerhand
Am Volleyball stoung e Samschdeg déi 1. Finall vum Championnat tëscht Fenteng a Stroossen um Programm.
De Match huet ganz gutt fir Fenteng ugefang a si konnte sech am éischte Saz dach bëssen iwwerraschend däitlech mat 25 op 19 duerchsetzen.
Am zweete Saz war Fenteng dunn och déi besser Equip a konnte vun Ufank un dem Match de Stempel opdrécken. Ma Stroossen huet sech net sou séier ofhänke gelooss a konnt den zweete Saz vill méi spannend gestalten. Zum Schluss vum Saz huet Stroossen de Score souguer konnten dréinen an hunn de Match nom 25 op 23 ausgeglach.
Am drëtte Saz huet Fenteng de Match erëm probéiert an d'Hand ze huelen an ass direkt 12:8 fortgezunn. Beim Score vum 18:13 war dunn och kloer, dass dëse Saz géif un d'Heemequipe goen. An enger ganz gutt gefëllter Hal setzt de klenge Favorit sech dann och mat 25 op 20 duerch.

© Marc Burelbach
Och am véierte Saz dat nämlecht Spill ewéi an de Sätz virdrun. Fenteng ass direkt fortgezunn a Stroossen ass engem Réckstand hannendrugelaaf. Wéi awer schonn am éischte Véierel huet Stroossen sech awer net esou séier ofhänke gelooss a si hunn et souguer fäerdeg bruecht een decisive fënnefte Saz ze erzwéngen.
An deem Saz huet Fenteng awer guer näischt ubrenne gelooss a gewënnt ganz kloer mat 15 op 8 fir de Match domadder mat 3:2, fir sech ze entscheeden.
Den nächste Weekend gëtt déi zweet Finall gespillt. Hei huet Fenteng d'Chance de Sak zouzemaachen an de Championstitel ze gewannen.