An der 2. Däitscher Bundesliga am Basket wënnt Tréier mam Thomas Grün 73:67 zu Hanau. Och den Alex Laurent wënnt an Holland.

Trotz der Victoire war et kee gudden Dag fir de Lëtzebuerger Nationalspiller Thomas Grün vun de Gladiators Trier. A ronn 10 Minutte Spillzäit huet hie séier véier Feeler gemaach, mee konnt awer nach 2 Punkten, 1 Rebound an 1 Assist zu der Victoire bäisteieren. An der Tabell steet Tréier elo punktgläich op der 3. Tabelleplaz.

Och den Alex Laurent konnt mat den Den Helder Suns eng 69:66-Victoire géint Leeuwarden feieren. Den Ex-Steeseler hat mat 14 Punkten a 5 Rebounds ee groussen Undeel un dëser Victoire.

An der 1. däitscher Bundesliga bei den Dammen verléieren d'Magaly Meynadier an d'Anne Simon mat de Saarlouis Royals mat 75 op 89 géint den TSV 1880 Wasserburg. D'Meynadier konnt an dëser Partie 12 Punkten an d'Anne Simon 10 Punkte markéieren.

An der 1. däitscher Volleyball Bundesliga huet de Gilles Braas mat Düren 3:0 géint Rottenburg gewonnen.