Diddeleng gewënnt am Spëtzematch géint Houwald

Am zweete Match spillen Eiter-Waldbriedemes an Iechternach 5:5 gläich.
Um zweete Spilldaag vun de Playoffs am Dëschtennis war Diddeleng géint Houwald zimlech ofgeklärt. Och wann den Houwald eng ganz ordentlech Leeschtung gewisen huet, waren se géint déi Diddelenger dann awer chancelos. De Zoltan Fejer-Konnerth an de Gilles Michely konnten zesummegerechent 5 Partien gewannen a hu soumat e groussen Deel zur Victoire beigedroen. Schlussendlech konnten déi Diddelenger mat 6:3 gewannen a sécheren sech soumat och d'Heemrecht fir d'Finall déi och géint den Houwald gespillt gëtt.
Tëscht Eiter-Waldbriedemes an Iechternach, dei nees mam Traian Ciociu ugetruede sinn, war et e spannende Match deen d'Leit ze gesi kruten. Schlussendlech hunn se sech awer d'Punkte gedeelt an dat ass de Leeschtungen och gerecht ginn.