Am Volleyball ass een an der Schlussphas vum Championnat ukomm. E Sonndeg huet Dikrech kloer 3:0 zu Walfer déi 1. Finall gewonnen.

Am Volleyball gëtt an de Finallen am Modus Best-of-Three den neie Champion gesicht. E Sonndeg den Owend war bei den Dammen déi éischt Finall. Dikrech konnt sech hei iwwerraschend kloer mat 3:0 zu Walfer duerchsetzen.

Walfer ass als grousse Favorit an d'Finalle vum Championnat gestart. Während der Saison huet ee keng Partie verluer an nëmmen 3 Sätz missen ofginn. 2 vun de verluerene Sätz waren allerdéngs fir Dikrech. Walfer huet sech dann och e Sonndeg doheem géint Dikrech ganz schwéier gedoen an um Enn verdéngt verluer. Am éischte Saz huet d'Lokalekipp guer net an de Match fonnt, sou datt dësen dann och mat 12:25 verluer gaangen ass. Am zweete Saz ass et e bësse besser gelaf, ma och hei huet een nees de Kierzere gezunn, dat mat 20:25. Den drëtte Saz war du ganz enk, ma Walfer konnt och dësen net gewannen. De Favorit verléiert mat 25:27 an domadder d'Partie géint Dikrech mat 0:3.

Den nächste Weekend huet Dikrech d'Chance doheem an der 2. Finall de Championstitel ze gewannen.