Volleyball-Championnat
2. Finall tëscht Stroossen a Fenteng gëtt um Belair gespillt

D'Lëtzebuerger Volleyballfederatioun huet um Freideg matgedeelt, datt déi 2. Finall am Volleyball-Championnat net zu Stroossen, ma um Belair gespillt gëtt.
Déi Stroossener hu jo bis elo an enger provisorescher Hal musse spillen, déi awer net vill Zuschauerkapazitéit huet. D'Partie tëscht Stroossen a Fenteng gëtt elo e Sonndeg um 18.30 Auer um Belair ugepaff.
De Parking fir d'Spectateuren ass an der Rue d'Ostende, eng 50 Meter vun der Hal ewech an ass gratis.
Radio Sport-Club: Invité war de President vu Fenteng Jacques Feyder
Am meeschte gelies