Am zweete Match vun der Finall am Championnat gewënnt Walfer géint Dikrech a soumat gëtt et een decisiven drëtte Match.

Nodeems Dikrech ganz iwwerraschend an och nach däitlech mat 3:0 am éischte Match géint de Favorit Walfer gewanne konnt, gouf um Samschdeg den zweete Match zu Dikrech gespillt. An hei gouf et dës kéier keng Iwwerraschung a Walfer ka mat enger 3:1-Victoire op 1:1 ausgläichen. An den éischten zwee Sätz ass et ganz enk zur Saach gaangen. Walfer konnt sech den éischte mat 25:23 sécheren. Deen zweeten ass mat 25:23 un Dikrech gaangen. Am drëtten a véierte Saz hat Dikrech dann awer keng Chance méi a verléiert dës mat 15:25 a 16:25.

Domadder goufen d'Gäscht vu Walfer hirer Favoritteroll gerecht. Si gewannen 3:1 a spillen elo an engem drëtte Match op Ouschtersonndeg zu Walfer um 18.30 Auer géint Dikrech ëm den Titel.

Damme-Volleyball: Walfer wënnt 2. Finall géint Dikrech
Am zweete Match vun der Finall am Championnat gewënnt Walfer géint Dikrech a soumat gëtt et een decisiven drëtte Match.