Vum 22. bis de 26. Mäerz war op de Färöer Inselen d'U20-Volleyball-Europameeschterschaft an der Small Countries Division.

D'Lëtzebuerger U20-Nationalekipp am Volleyball huet sech op der U20-Europameeschterschaft an der Small Countries Division den Titel geséchert.

Och eng 2:3-Néierlag (25:12; 25:20; 22:25; 18:25; 13:15) am leschte Match géint d'Färöer Inselen konnt den Titel vun de Lëtzebuerger net méi verhënneren.

Duerch eng 3:1-Victoire (24:26, 25:15, 25:16 an 25:23) am Optaktmatch géint Schottland an engem weideren 3:1 géint Island kënnt Lëtzebuerg an der Tabell op 7 Punkten a gewënnt Gold. Sëlwer ass fir d'Färöer Inselen, si kommen op 6 Punkten. Bronz ass fir Island. Si hu sech am decisive Match mat 3:0 géint Schottland behaapt.