No der Coupe geet och de Championstitel op Fenteng

© pressphoto.rtl.lu
Um Sonndeg stoung den 2. Match vun der Finall am Championnat bei den Hären um Programm. Béid Ekippen hu sech eng serréiert Partie geliwwert.
Stroossen ass ganz gutt an de Match erakomm, Fenteng dogéint huet nervös gewierkt a konnt säi Spill net duerchzéien a verléiert den éischte Saz soumat ganz däitlech mat 16:25. Fenteng hat sech awer nach net opginn an der Course ëm de Championstitel an huet am zweete Saz besser dogéint gehalen. Iwwert de ganze Saz ass et enk bliwwen, mee d'Gäscht haten dat bessert Enn fir sech a gewannen den zweete Saz mat 25:23, domat stoung et an de Sätz 1:1. Am drëtten Duerchgang war et dat nämmlecht Bild. Ganz zum Schluss konnt Fenteng den Ënnerscheed maachen an och dëse Saz mat 25:23 gewannen. Stroossen ass net gutt an de 4. Saz erakomm a gouf vun de Fentenger kal erwëscht, well d'Moral no den zwee verluerene Sätz och net grad um Héichpunkt war. Mee se hu sech awer nees séier erkritt an hu mat engem 25:17 en decisive 5. Saz erkämpft. Dee ka Fenteng mat 15:11 fir sech entscheeden a gewënnt mat 3:2.
Fenteng gewënnt domadder den éischte Championstitel an der Veräinsgeschicht a séchert sech nom Titel an der Coupe den Doublé an dëser Saison.
FOTOGALERIE: Andréck vun der 2. Finall vun den Hären (pressphoto.rtl.lu)
Bei den Dammen gëtt et tëscht Walfer an Dikrech eng drëtt an decisive Finall. Um Samschdeg konnt sech Walfer nämlech mat 3:1 zu Dikrech duerchsetzen. An der Finall, déi am Modus Best-of-Three gespillt gëtt, steet et domadder 1:1 gläich. D'Decisioun ëm de Championstitel fält den nächste Sonndeg zu Walfer.