Am Biathlon-Weltcup stoung zu Tjumen a Russland e Sonndeg nach e Massestart um Programm. Gewonnen huet d'Darya Domracheva aus Wäissrussland.

An der leschter Course vun der Saison ass et d'Dary Domracheva wat sech mat konnt duerchsetzen. Op déi zweet Plaz kënnt d'Paulina Fialkova op 1,8 Sekonnen. Um Podium stoung nach d'Anais Chevalier, si hat e Réckstand vun 6,6 Sekonnen. Virum leschte Schéisse loung nach d'Laura Dahlmeier a Féierung. Déi däitsch Biathlon huet dunn awer 2 Mol derlaanscht geschoss an ass net iwwert déi 12. Plaz op 43 Sekonnen erauskomm.

D'Decisioun ëm de Gesamtweltcup ass eréischt während dem Massestart gefall. Um Enn ass dem Kaisa Mäkäräinen eng 6. Plaz duergaangen, fir sech virun der dräimoleger Olympiagewënnerin Anastasija Kuzmina ze behaapten. D'Slovakin ass um Sonndeg déi 11. ginn.

Fir d'Finnin ass et déi 3. Victoire am Gesamtweltcup, donieft huet si och d'Klassement am Massestart gewonnen.

De Martin Fourcade hat um Sonndeg keng Chance am Massestart a gëtt den 19., ma och dës Plaz geet duer, fir d'Klassement am Massestart ze gewannen. Donieft huet de Fransous um Enn vun der Saison och an all den aneren Disciplinnen, dem Sprint, dem Eenzel an der Poursuite, d'Nues vir. De Gesamtweltcup hat de Martin Fourcade scho virun de leschte Coursse fir sech entscheed.