Lëtzebuerger Damme géint Vize-Europameeschter Däitschland

© Val Wagner
D'Dëschtennis-Dammen-Nationalekipp spillt en Dënschdeg den Owend zu Munneref am Kader vun der EM-Qualifikatioun géint den Noper aus Däitschland.
D'FLTT-Formatioun ass am September 2017 bei der Ekippen-Europameeschterschaft op déi excellenten 11. Plaz komm a wëll sech och fir déi héchsten Divisioun bei der EM zu Nantes 2019 qualifizéieren.
Den zweete Géigner vu Lëtzebuerg ass den Aserbaidschan, dee sech am éischte Match ouni Sazgëwenn den däitschen Damme mat 0:3 huet misse geschloe ginn.
Fir de Match en Dënschdeg goufe bei der FLTT-Ekipp d'Ni Xia Lian (WR 51), d'Sarah de Nutte (WR 57), d'Danielle Konsbrück (WR 277), d'Sarah Meyer (WR 465) an d'Egle Tamasauskaïte (WR 754) selektionéiert. D'Ekipp gëtt dann och vum Tommy Danielsson betreit.
Fir Däitschland spillen d'Ying Han (WR 41), d'Sabine Winter (WR 59), d'Nina Mittelham (WR 64) an d'Yuan Wan (WR 146). Trainerin ass déi fréier Profispillerin Jie Schöpp.
D'Presentatioun vun den Ekippen ass um 19.15 Auer. Den éischte Match ass fir hallwer 8 programméiert.
Den 22. Mee mussen d'FLTT-Spillerinnen dann an den Aserbaidschan reese fir hir zweet Partie. Den 20. November ass dann de Retourmatch géint Däitschland. Den Ofschloss ass dann de 4. Dezember hei a Lëtzebuerg, wou si nees géint den Aserbaidschan spillen.
Géint d'Vize-Europmeeschterinnen ass ee sécher net favoriséiert, ma ze ënnerschätzen, sinn d'Lëtzebuerger Dammen awer sécher net.
Déi lescht Preparative lafen. Déi Däitsch sinn zanter e Méindeg zu Munneref an hunn e Méindeg schonns trainéiert. Och d’Lëtzebuerger Ekipp huet e Méindeg schonns do trainéiert.