Eenzeg Victoire fir Lëtzebuerg gouf et fir d'Ni Xia Lian. Zwou Néierlage gouf et fir d'Sarah de Nutte, d'Danielle Konsbruck hat och wéineg Chance.

En Dënschdeg war am Dëschtennis den Optakt vun der Qualifikatioun fir d'Ekippen-Europameeschterschaften am Joer 2019 zu Nantes. An der éischter Partie haten d'FLTT-Dammen awer eng ganz schwéier Partie viru sech. Zu Munneref hu si en Dënschdeg den Owend géint d'Vize-Europameeschterinnen aus Däitschland gespillt.

Den éischte Match huet d'Sarah de Nutte géint d'Sabine Winter verluer. Dono konnt Ni Xia Lian géint déi Däitsch Ying Han gewannen, esou datt et 1:1 an de Matcher stoung. Wéineg Chance huet d'Nina Mittelham dunn dem Danielle Konsbruck gelooss, esou datt Däitschland op 2:1 erhéije konnt. Am drëtte Match hätt d'Sarah de Nutte du misse géint d'Ying Han gewannen, fir e 5. an entscheedende Match ze provozéieren. Dat sollt hir awer net geléngen, esou datt Däitschland dëse Match mat 3:1 gewanne kann.

Resumé vun der Partie

RTL

Sarah de Nutte (WR 57) - Sabine Winter (WR 59) 1:3 (16:14, 8:11, 10:12, 12:14)

Et war e ganz enken éischte Saz, deen d'Lëtzebuergerin fir sech entscheede konnt. Si huet dofir ganzer 4 Sazbäll gebraucht, huet der awer selwer 2 missen ofwieren. Am zweete Saz huet d'Winter sech konnte an der Mëtt ofsetzen an da souverän gewannen. Am drëtte Saz hat nees alles fir d'Sarah de Nutte ausgesinn, wéi si 9:6 vir war, ma d'Nummer 59 op der Welt huet net opginn an de Saz nach gedréint. Ganz spannend dann och de leschte Saz vum Match. D'Lëtzebuergerin war 0:3 hannen, ma konnt sech op 6:6 zeréckkämpfen an hat bei 10:9 e Sazball, dee si awer net notze konnt. D'Sabine Winter huet et du besser gemaach an de Saz an de Match fir sech entscheed.

RTL

Ni Xia Lian (WR 51) - Ying Han (WR 41) 3:0 (11:9, 11:4, 11:3)

Déi Däitsch Ying Han hat am éischte Saz bal de ganzen Zäiten d'Nues vir, wa wou et drop ukoum, huet Ni Xia Lian zougeschloen. Déi zwee aner Sätz huet d'Lëtzebuergerin du kloer dominéiert a konnt déi ouni gréisser Problemer fir sech entscheeden.

RTL

Danielle Konsbruck (WR 277) - Nina Mittelham (WR 64) 0:3 (4:11, 7:11, 5:11)

Keng Chance huet d'Nummer 64 op der Welt dem Danielle Konsbruck am éischte Saz gelooss. D'Lëtzebuergerin hat no engem 0:3 wuel nach en 3:3 gemaach, ma dono ass d'Nina Mittelham dovugezunn. E bësse besser huet si awer am zweete Saz dogéint gehalen, ma e Klassenënnerscheed war z'erkennen. En ähnlecht Bild dann och am drëtte Saz vum Match.

RTL

© Jean Mathes / RTL Sport

Sarah de Nutte (WR 57) - Ying Han (WR 41) 0:0 (2:11, 6:11, 6:11)

Kee gudde Start hat d'Sarah de Nutte an hiren zweete Match. Den éischte Saz gouf däitlech vun der Däitscher dominéiert. Den zweeten an och den drëtte Saz war d'Lëtzebuergerin du besser am Match, ma d'Nummer 41 op der Welt konnt d'Sarah de Nutte ëmmer nees auskonnteren.

Domadder klappt Däitschland Lëtzebuerg mat 3:1 a wënnt den Optakt vun der EM-Qualifikatioun.

Wéi geet et virun?

Den 22. Mee mussen d'FLTT-Spillerinnen dann an den Aserbaidschan reese fir hir zweet Partie. Den 20. November ass dann de Retourmatch géint Däitschland. Den Ofschloss ass dann de 4. Dezember hei a Lëtzebuerg, wou si nees géint den Aserbaidschan spillen.

Déi éischt zwou Ekippen aus dëser Grupp qualifizéiere sech.