Dëschtennis
D'Union spillt Relegatiounsmatch net, Rued steigt domadder op

© afp
Um Mëttwoch huet d'Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun matgedeelt, datt d'Union sech fräiwëlleg aus der ieweschter Divisioun zeréckgezunn huet.
D'Union trëtt domadder net am Relegatiounsmatch géint Rued aus der Nationale 2 un. Duerch de Réckzuch vun der Union, spillt Rued déi nächst Saison an der ieweschter Divisioun am Dëschtennischampionnat.
Bei der Union wëllt een eng nei Ekipp opbauen. De Fabio Santomauro wiesselt op Diddeleng. Wéi et mat deenen anere Spiller weider geet, ass nach net gewosst.
Am meeschte gelies