Ni Xia Lian a Sarah de Nutte zu Guadalajara an der 1/8-Finall

© pressphoto (Archiv)
Bei de Spanish Open hunn déi 2 Lëtzebuergerinnen et donieft nach am Dubbel an d'1/4-Finalle gepackt.
Fir d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte war et ee gelonge Freideg bei de Spanish Open zu Guadalajara. D'Ni Xia Lian konnt sech am Eenzel am 32-Tableau mat 4:2 géint d'Pei-Ling Su aus Taipeh behaapten. Eng 4:2-Victoire gouf et och fir d'Sarah de Nutte géint d'Arina Singeorzan aus Rumänien.
An der Aachtelsfinall kritt d'Ni Xia Lian (51) et mat der Japanerin Saki Shibata (24) ze sinn an d'Sarah de Nutte (57) muss géint Honoka Hashimoto (23) och aus Japan untrieden.
D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte sinn och am Dubbel eng Ronn weider. Si hu sech um Freideg an den Aachtelsfinalle mat 3:0 géint eng norwegesch/franséisch-Koppel behaapt.
Bei den Häre goufen den Eric Glod an de Luka Mladenovic an den Aachtelsfinallen eliminéiert. Béid Lëtzebuerger sinn am Dubbel awer nach mat dobäi. Si konnte sech hei fir d'Véierelsfinalle qualifizéieren, dat duerch eng 3:1-Victoire géint eng iranesch Koppel.