Ni Xia Lian a Sarah de Nutte am Dubbel souverän an der 1/2-Finall

© RTL Télé Lëtzebuerg
Déi lëtzebuergesch Dëschtennis-Koppel konnt sech e Samschdeg de Moien zu Guadalajara a Spuenien mat 3:0 géint eng polnesch Koppel behaapten.
D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte hunn et bei de Spanish Open am Dubbel an d'Halleffinalle gepackt. E Samschdeg de Moien konnte sech d'Lëtzebuergerinnen no enger staarker Leeschtung mat 3:0 (6,8,8) géint d'Koppel Grzybowska (94)/Partyka (73) aus Polen duerchsetzen.
E Samschdeg am Nomëtteg kréien d'Nia Xia Lian (51) an d'Sarah de Nutte (57) et mat der japanescher Koppel Shibata (24)/Odo (273) ze dinn. Hei geet et dann ëm d'Qualifikatioun fir d'Finall.
D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte sinn um Samschdeg och nach am Eenzel an den Aachtelsfinallen am Asaz.
Bei den Hären hunn den Eric Glod an de Luka Mladenovic et net an d'Halleffinalle gepackt. Si hu mat 0:3 géint d'Koreaner Cho/Kim verluer.