Walfer Damme wannen de Championstitel
D'Damme vu Walfer sinn e Sonndeg hirer Favoritteroll gerecht ginn a si séchere sech duerch eng 3:0-Victoire de Championstitel.
Nodeems d'Dikrecher Dammen déi éischt Finall iwwerraschend gewanne konnten, huet d'Ekipp vu Walfer zeréckgeschloen an huet duerch eng Victoire am zweete Match, eng drëtt an decisiv Finall erzwongen.
Dës gouf e Sonndeg den Owend gespillt an et waren déi favoriséiert Damme vu Walfer, déi de bessere Start an dës Partie erwëscht haten. Si konnten den éischte Saz knapps mat 25 op 23 fir sech entscheeden.
Dëst huet hinne wuel Confiance ginn, well am zweete Saz konnte si sech séier eng Avance vu 4 Punkten erausspillen, ma do hu si e bëssen nogelooss, well déi Dikrecher koumen nees erun a konnten op 24:24 ausgläichen. An dëser entscheedender Phas war et awer nees d'Ekipp vu Walfer, déi méi konsequent agéiert huet an esou konnte si sech och den zweete Saz sécheren, dat mat 26 op 24.
Am drëtte Saz wollt Walfer dunn alles kloer maachen an esou si si och opgetrueden. Vun Ufank un hu si d'Kontroll iwwerholl a konnten den Dikrecher Dammen dovulafen. Si konnte sech séier eng komfortabel Avance vun 9 Punkten erkämpfen. Um Enn wanne si de Saz mat 25 op 16 an domat och de Match an de Championstitel. Si wannen dat zweet Joer hannerteneen den Titel a kënnen och den Doublé fir d'zweet Joer hannertenee feieren.