Ni Xia Lian an der Ronn vun de beschte 16, Out fir Konsbruck

© Val Wagner
Ni Xia Lian steet an den Aachtelsfinallen, d'Danielle Konsbruck an d'Sarah de Nutte goufen eliminéiert.
Dräi Lëtzebuergerinnen haten et an den Haapttableau bei de Slowenien Open gepackt. D'Ni Xia Lian hat wéi erwaart wéineg Problemer géint d'Ganna Farladanska aus der Ukrain a konnt sech mat enger 4:0 Victoire fir d'Ronn vun de beschten 32 Spillerinne qualifizéieren. Och hei gouf et eng kloer Victoire vum Ni Xia Lian, déi Kéier wënnt si 4:0 géint Hyobin Yoon aus Korea a steet domat an der Aachteslfinall.
Iwwerdeems konnt d'Danielle Konsbruck, dat op der 277. Plaz an der Weltranglëscht steet, sech an enger ganz enker Partie mat 4:3 géint déi 207 Plaze besser klasséiert Koreanerin, Lee Zion behaapten. An der Ronn vun de beschten 32 huet d'Brasilianerin Takashi Bruna aus Brasilien gewaart. Si steet op Plaz 89 an der Weltranglëscht a war e Mëttwoch den Owend een Tick ze staark fir d'Lëtzebuergerin, déi sech mat 1:4 huet misse geschloe ginn.

© Val Wagner
Eng Enttäuschung gouf et allerdéngs fir d'Sarah de Nutte. D'Spillerin vu Bad Driburg huet sech iwwerraschend mat 1:4 misse géint d'Odo Satsukai aus Japan misse geschloe ginn. D'Sarah de Nutte ass 80 Plaze besser klasséiert, wéi hir Géignerin.
Am Dubbel ass awer nach alles méiglech fir d'Sarah de Nutte an d'Ni Xia Lian. Si spillen an der ronn vun de leschte 16 géint eng Koppel aus Ungarn, d'Bernadette Balint an d'Mercedes Nagyvaradi. D'Lëtzebuerger Damme sinn hei héich favoriséiert.