Am Dëschtennis gouf um Sonndeg déi éischt Finall tëscht Houwald an Diddeleng gespillt.

An der éischter Finall am Dëschtennis ka sech Diddeleng ganz kloer mat 5:0 um Houwald duerchsetzen. D'Gäscht ware séier mat 2 Victoiren duerch de Zoltan Fejer-Konnerth an Gilles Michely mat 2:0 a Féierung. Och dono sollt et fir Houwald einfach net sinn an de Christian Kill ka sech no engem 1:2-Réckstand nach mat 3:2 géint den Ademir Balaban duerchsetzen. An och de Marc Dielissen verléiert knapps mat 2:3 géint de Mike Bast. Mat dëser 4:0 Féierung am Réck huet sech Diddeleng dat net méi huele gelooss an den Zoltan Fejer-Konnerth klappt den Xia Cheng mat 3:1.

Houwald muss sech en vue vun der 2. Finall ganz kloer verbesseren. Dësen zweete Match gëtt de nächste Samschdeg de 14. Abrëll zu Diddeleng gespillt. Do kéinten déi Diddelenger sech dann de Meeschtertitel sécheren.