Luxembourg Paralympic Comittee
Gutt Leeschtung vum Jeannot Dostert am Dëschtennis

Am Dëschtennis waren zwee Lëtzebuerger zu Profondeville an der Belsch am Asaz. Fir de Jeannot Dostert ass um Enn eng exzellent 3. Plaz erausgesprongen.
Et waren en onerwaarte Succes fir de Jeannot Dostert, deen eréischt nei an där Disziplin dobäi ass an och nach keng Lizenz vum Lëtzebuerger Paralympic Comittee huet. Hie gewënnt 4 vu 5 Matcher an der Gruppephas. Wou et ëm d'Platzéierung gaangen ass, huet en nach emol 3 Matcher gewonnen. Hie gëtt um Enn den 3., hannert 2 belschen Nationalspiller.
De Roby Mangen fir säin Deel gewënnt an der Gruppephas just 1 Match. Duerno an de Matcher fir d'Platzéierunge gewënnt hien awer 2 Matcher a klasséiert sech um Enn op Plaz 7.

Roby Mangen
Am meeschte gelies