D'Ni Xia Lian huet sech an enger ganz enker Partie mat 4:3 géint d'Polina Mikhailova behaapt a steet domat an der Halleffinall.

D'Ni Xia Lian, dat aktuell op Plaz 51 an der Weltranglëscht steet, huet sech e Freideg de Moien an den Aachtelsfinallen zu Zagreb kloer mat 4:0 géint d'Bernadette Szocs aus Rumänien behaapt. D'Rumänin steet op der Plaz 29 an der Weltranglëscht a war eigentlech favoriséiert, ma d'Lëtzebuerger Spillerin ass souverän opgetrueden a konnt d'Partie mat 11:8, 11:8, 11:9 an 11:5 fir sech entscheeden.

An der Ronn vun de beschten 8 huet si de Freideg den Owend géint d'Polina Mikhailova aus Russland gespillt. D'Russin ass 5 Plaze besser klasséiert, wéi d'Lëtzebuergerin. Ma an där staarker Form konnt d'Ni Xia Lian sech Chancen ausrechnen, fir d'Halleffinall ze erreechen. Dat mat Recht, well no 7 Sätz konnt d'Lëtzebuergerin nees d'Äerm an d'Luucht rappen. D'Lëtzebuergerin ass ëmmer nees a Féierung gaangen, ma d'Russin konnt ëmmer erëm ausgläichen, esou ass et an de leschten an decisive Saz gaangen an hei huet d'Ni Xia Lian hir ganz Erfarung ausgespillt a konnt d'Partie esou mat 11:8, 10:12, 11:4, 3:11, 11:7, 10:12 an 11:9 fir sech entscheeden.

E Samschdeg stinn d'Halleffinallen um Programm, hei steet si dann elo nees enger Rumänin géigeniwwer an zwar der Nummer 25 vun der Welt, dem Elizabeta Samara.