Charline Mathias kënnt der Beschtform ëmmer méi no
De Loun ass d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft zu Berlin déi vum 7. bis den 12. August stattfannen.
Aktuell hält déi 26 Joer Athletin déi national Rekorder iwwer 800 a 1500 Meter a war firun 2 Joer bei den Olmypesche Spiller zu Rio dobäi. An de leschte Wochen kennt d'Charline Mathias hirer Beschtform ëmmer méi no. De Loun ass d'Qualifikatioun fir d'EM zu Berlin. Den Tom Flammang mat engem klenge Portrait.
D`Charline Mathias ass zanter senger Kandheet der Lichtathletik verbonnen. Schonn am éischte Schouljoer huet di haiteg CSL Athletin hir éischten Lizenz an der Spora gemaach éier aus den Fusioun vun den Staater Verainen den CSL entsataanen ass.Dei haut 26 Joer Jonk Sportlerin huet sech am Laf vun hirer Karriär zu enger fester Gréisst ob der Mettelstreck etabléiert.