E Samschdeg den Owend huet déi nei Saison am Volleyball-Championnat ugefaangen. Den Optakt hunn d'Häre gemaach.

Bartreng ass mat enger Victoire an déi nei Volleyball-Saison gestart. Si konnte sech mat 3:1 (18:25 25:19 25:16 25:23) géint Esch behaapten.

Am éischte Saz haten déi favoriséiert Escher de Match an alle Beräich fest am Grëff an hunn dësen dann och mat 25:18 gewonnen. Am zweete Saz ass et awer net esou weidergaangen. Bartreng ass besser an de Match komm an huet elo den Toun uginn, fir den zweeten Duerchgang mat 25:19 ze gewannen. Och am drëtte Saz hu si manner Feeler gemaach an dëse mat 25:16 fir sech entscheet. De 4. Saz war dunn nees méi serréiert an et huet duerno ausgesinn, wéi wann Esch nach eng Kéier kéint zeréckkommen. Tëschenduerch loung ee scho mat 17:13 a Féierung. Bartreng konnt de Réckstand dunn awer verkierzen an op 23:23 ausgläichen. Déi Bartrenger hunn duerno den éischte Matchball genotzt, fir de Sak mat 25:23 zouzemaachen an dësen éischte Match an dëser Saison ze gewannen.

Virschau op déi nei Saison

Et ass ganz schwéier virauszesoen, wien um Enn vun dëser Volleyballsaison wäert d'Nues bei den Häre virhunn. Den Opsteiger Belair an och d'Résidence Walfer, déi den Ament am Ëmbroch ass, si wuel als éischt Ekippen an der Course ëm de Champion auszeschléissen.

Déi aner 6 Ekippe wäerte sech awer en haarde Kampf ëm d'Participatioun an den Halleffinalle liwweren. Schonn an der Supercoupe de leschte Samschdeg hat den Escher Volleyballclub seng Ambitioune géint den Doublésgewënner vun zejoert, VC Fenteng, ënnerstrach.

Bei den Dammen ass Walfer de Favorit op eng Titelverdeedegung, ma och hei wäert een dës Saison eng staark Konkurrenz hunn.