E Sonndeg gouf nees Volleyball gespillt, ënnert anerem war bei den Hären de Spëtzematch tëscht Stroossen a Fenteng.

A Stroossen konnt sech hei mat 3:2 duerchsetzen. Weider gewënnt Dikrech mat 3:1 géint Luerenzweiler an de Belair klappt Walfer mat 3:2. E Samschdeg hat schonns Bartreng mat 3:1 géint Esch gewonnen.

Bei den Damme goufen et kloer Victoirë fir Stroossen, Walfer, d'Gym an Dikrech.

Hären

Dikrech - Luerenzweiler 3:1 (25:23; 23:25; 25:19; 25:21)

De CHEV Dikrech geet mat groussen Ambitiounen an déi nei Saison, ma e Sonndeg den Owend hat een direkt eng schwiereg Aufgab viru sech, si kruten nämlech Besuch vum VC Luerenzweiler. Am éischte Saz haten d'Haushären zwar net d'Kontroll iwwer de Géigner, ma si waren iwwert de ganze Saz ëmmer e puer Punkte vir, wat hinnen och gehollef huet, de Saz ze gewannen.

Och am zweete Saz war ee laang Zäit vir, ma do koum eng Reaktioun vun de Gäscht vu Luerenzweiler. Si hunn de Saz gedréint a konnten dëse knapps mat 25:23 fir sech entscheeden. De Sazgewënn huet der Ekipp vu Luerenzweiler weidere Schwong ginn, well si sinn och besser an den 3. Saz gestart. D'Lokalekipp wollt de Match hei awer net aus der Hand ginn an hat ee richteg staarke Laf an esou konnte si an de Sätz mat 2:1 a Féierung goen. Luerenzweiler konnt sech vun dësem Schock net méi erhuelen an esou wënnt Dikrech mat 3:1 géint Luerenzweiler a kann ee gelongene Start an d'Saison feieren.

Stroossen - Fenteng 3:2 (23:25; 25:13; 21:25; 25:22; 15:8)

Den absolute Spëtzematch tëscht VC Stroossen a VC Fenteng ass sengem Numm gerecht ginn. Et war vun Ufank un eng ganz spannend Partie, déi op héijem Niveau gespillt ginn ass. De Champion Fenteng konnt ee ganz enken éischte Saz mat 25:23 fir sech entscheeden. Stroossen huet awer direkt eng Reaktioun gewisen an huet am 2. Saz eng richteg Gala-Virstellung gebueden, well dëse Saz konnte si mat 25:13 fir sech entscheeden. Fenteng huet sech awer zesummegerappt a konnt op en Neits a Féierung goen. Stroossen huet sech awer nach net opginn a si hunn de 4. Saz gewonnen an domat hu si ee 5. an decisive Saz erzwongen. Hei huet Stroossen d'Nerve behalen an d'Partie fir sech entscheeden.

Walfer - Belair 2:3 (25:18; 25:22; 21:25; 22:25; 8:15)

Déi éischt zwee Sätz iwwer haten d'Häre vu Walfer kaum Problemer mam Géigner vum Belair. Walfer a villen Domänen iwwerleeën an de Belair net aktiv genuch. Dëst huet sech awer am drëtte Saz geännert. De Belair huet säi Spill ëmgeschalt a Walfer äiskal erwëscht, esou dass een op 1:2 verkierze konnt. Am véierte Saz wollt Walfer dunn alles kloer maachen, ma ganz esou einfach war dat net. De Belair huet nämlech gekämpft a weider gutt dogéint gehalen an dat mat Erfolleg, well et huet missen an de 5. Saz goen an hei hat de Belair elo esou vill Courage getankt, dass déi net méi ze schloe waren an d'Partie dann um Enn gedréint kréien a mat 3:2 gewannen.

Dammen

Stroossen - Péiteng 3:0 (25:20; 25:23; 25:17)

Walfer - Iechternach 3:0 (25:12; 25:19; 25:16)

Gym - Stengefort 3:1 (21:25; 25:22; 25:18; 26:24)

Dikrech - Mamer 3:0 (25:11; 25:12; 25:13)