Achilles Bocholt huet de Match an der 2. Hallschent entscheet a konnt esou mat 33:29 gewannen.

Den HB Käerjeng krut et e Sonndeg den Owend am Allersmatch vum EHF-Cup mam belsche Champion Achilles Bocholt ze dinn. Déi Käerjenger haten absolut kee gudde Start erwëscht, aneschters bei der Ekipp aus der Belsch. Déi hunn dynamesch no vir gespillt, stoungen an de Defense ganz gutt an hinnen ass einfach bal alles gelongen, esou dass si no knapp 16 Minutte mat 11:4 am Avantage louchen. Dunn huet Käerjeng awer richteg opgedréint a si hu Bocholt kaum méi eng Chance gelooss, virun allem de Radojevic huet ee Gol no deem anere geschoss an esou ass Käerjeng komplett iwwerraschend mat 17:16 an d'Paus gaangen.

AUDIO: Käerjeng géint Bocholt/Reportage Jeff Kettenmeyer

An der zweeter Hallschent war d'Partie dauerhaft spannend, well keng Ekipp sech esou richteg ofsetze konnt. Ma nach laang Zäit waren déi Käerjenger vir. An der 44. Minutt konnten d'Belsch dunn awer ausgläichen, dat duerch ee 7-Meter a kuerz dono konnten d'Belsch dunn och erëm d'Féierung iwwerhuelen. Käerjeng huet gekämpft, ma um Enn war Bocholt dann einfach een Tick ze staark a Käerjeng konnt net méi mathalen, esou dass si um Enn mat 29:33 verléieren.

Käerjeng verléiert géint de belsche Champion Bocholt
Achilles Bocholt huet de Match an der 2. Hallschent entscheet a konnt esou mat 33:29 gewannen.