Schwéier Aufgabe fir Käerjeng an Diddeleng

Hei eng Foto aus dem Allersmatch vum HB Käerjeng. / © Val Wagner
Dëse Weekend sinn am Handball zwou Lëtzebuerger Ekippen op europäeschem Plang am Asaz.
Déi Käerjenger spillen e Samschdeg hire Retourmatch géint Bocholt an der Belsch. Den HB Diddeleng spillt 2 Mol doheem géint eng georgesch Formatioun an de Freideg den Owend um 20.30 Auer ass den Allersmatch vum HB Diddeleng.
Den HB Diddeleng hat dee leschte Weekend am Spëtzematch géint den Handball Esch verluer, wat net déi ideal Preparatioun ass fir d’Coupe d’Europe.
Et kann ee sech awer virstellen, datt déi Diddelenger géint d’Georgier vun Telavi gutt Chancen hunn am 2. Tour vum Challenge Cup.
Déi Diddelenger sinn op jiddefalls prett fir de Match, esou de Jimmy Hoffmann. Et wier ee frou, dass een europäesch spille kéint an dat hätt ee sech lescht Saison erschafft an do wéilt een net direkt erëm erausfléien, virun allem, well och am nächsten Tour eng flott Rees waart.
Wann et eng Qualifikatioun gëtt, dann ass den nächste Géigner den HC Neva aus Russland. Elo geet et emol 2 Mol géint d’Georgier. Egal wéi ass et wichteg, 2 Mol kënnen doheem unzetrieden. De Kapitän vum HBD Tommy Wirtz ass der Meenung, dass Imedi Telavi als immens jonk Ekipp vill lafe wäert an dorobber wëlle si sech astellen.
Quasi zu gläicher Zäit an zwar vu 20.15 Auer u spillt den HB Käerjeng e Samschdeg den Owend am 2. Tour vum EHF Cup säi Retourmatch zu Bocholt an der Belsch.
Am Allersmatch de leschte Sonndeg huet de Lëtzebuerger Champion mat 4 Goler Ecart verluer. De Géigner ass zimlech staark a war phaseweis 7 Goler vir. Déi Käerjenger an de Jacques Tironzelli gleewen awer un eng Qualifikatioun.
4 Goler sinn am Handball net vill, mä fir weider ze kommen, mussen déi Käerjenger quasi de perfekte Match reusséieren, e bëssen, wéi am éischten Tour géint Nis aus Serbien.