E Freideg den Owend huet den HB Diddeleng trotz schwaacher Leeschtung den Allersmatch vum 2. Tour am Challenge Cup mat 32:25 géint Imedi Telavi gewonnen.

Den HB Diddeleng hat e Freideg den Owend am 2. Tour vum Challenge Cup kee ganz gudden Dag erwëscht. No 60 Minutten huet ee virun den eegene Spectateure trotz allem mat 32:25 géint Imedi Telavi aus Georgien gewonnen. D'Manéier huet e Freideg den Owend beim HBD einfach net gestëmmt. Nom Match huet den Tommy Wirtz kloer Wierder fonnt.

AUDIO: Extrait Tommy Wirtz

De Start an d'Partie hat den HB Diddeleng e bësse verschlof, sou datt ee no gutt 7 Minutte mat 3 Goler am Réckstand loung an et 2:5 aus Siicht vun der Ekipp aus dem Grand-Duché stoung. Duerno ass den HBD awer erwächt a konnt virun allem och duerch den Tommy Wirtz no 10 Minutten op 5:5 ausgläichen. Déi Diddelenger hu sech awer weider schwéiere gedoen an enger Partie an där den Niveau net extrem héich war. Am Ugrëff goufen ze vill Wërf net genotzt an och an der Defense huet een dacks schlecht ausgesinn. D'Partie ass equilibréiert bliwwen, sou datt et no 23 Minutten 12:12 stoung. Bis d'Paus konnte sech déi Diddelenger dunn een Avantage vun engem 1 Gol erausspillen an esou stoung et 14:13 tëscht Diddeleng an Telavi.

No der Paus huet et bis déi 35. Minutt gedauert, ier nees ee Gol an der Partie tëscht dem HB Diddeleng an Imedi Telavi gefall ass. An et war den HBD, dee sech elo eng éischte Kéier konnt vum Géigner ofsetzen. No 40 Minutten hat ee sech ee Virsprong vun 3 Goler erausgespillt an et stoung 18:15. Bei den Diddelenger ass et elo an der zweeter Hallschent besser gelaf, et huet een d'Spill an d'Hand geholl, dat well bei de Georgier eng gewësse Middegkeet ze gesi war. No 53 Minutte stoung et doduerch 28:22 fir den HBD. Wirtz a Co hu sech d'Victoire bis zum Schluss net méi huele gelooss, sou datt een um Enn mat 32:25 gewënnt an esou gutt Chancen huet et an déi 3. Ronn vum Challenge Cup ze packen.

De Retourmatch ass schonn e Samschdeg um 20 Auer an dat och nees zu Lëtzebuerg.