Coupe de Luxembourg am Handball
Diddeleng klappt Museldall, Péiteng gewënnt géint Standard

E Samschdeg war d'Suite vun den 1/8-Finallen am Handball. Diddeleng a Péiteng konnten allebéid auswäerts eng Ronn weider kommen.
Schonn en Donneschdeg hat Rëmeleng doheem géint Miersch 21:28 verluer. E Freideg war et iwwerdeems d'47:27-Victoire fir Esch zu Schëffleng an Dikrech war géint d'Red Boys mat 20:36 ënnerleeën.
E Samschdeg du konnt de Museldall näischt géint d'24:35-Defaite géint Diddeleng maachen an de Standard huet esou just de Kierze mat 30:34 géint Péiteng gezunn.
Am meeschte gelies