Stroossen klappt Bartreng an der Top-Partie

© Marc Burelbach
E Samschdeg den Owend war bei den Dammen an den Hären den 3. Spilldag am Volleyball-Championnat. Stroossen ka sech bei den Hären d'Plaz 1 sécheren.
Häre-Volleyball
Stroossen - Bartreng 3:2
Bartreng konnt den 1. Saz gewonnen, am 2. koum Stroossen awer erëm erun. Déi Bartrenger hunn duerno opgedréint a virun allem ware si mat hire staarke Servicen ëmmer nees geféierlech. Duerno war et ee richtegen Hin an Hier ouni, datt eng Ekipp sech ofsetze konnt. Et huet ee gemierkt: hei hunn zwou Ekippe mat grousser Confiance géintenee gespillt, schliisslech hat virun dëser Partie nach keng Ekipp Punkte leie gelooss. Um Enn sollten awer déi gutt Opschléi vu Stroossen de Match entscheeden an hinnen esou d'Victoire abréngen.
Walfer - Fenteng 0:3
De VC Fenteng hat bei der Partie géint den RSR Walfer weider keng Schwieregkeeten. Zwar sinn déi lescht 2. Sätz mat engem méi niddregen Ecart ausgaangen, an awer konnten d'Haushären näischt der Victoire vum Gaascht entgéintsetzen.
Dikrech - Esch 3:2
Ganz serréiert war d'Ausernanersetzung tëscht dem CHEV an dem VBC. Den 1. Saz haten d'Dikrecher gewonnen an am 2. just knapp verluer - duerno goungen déi nächst zwee Sätz an deem Rhythmus weider. Am 5. an decisive leschte Saz konnten d'Haushären dunn awer den Deckel dropsetzen a sech d'Victoire virum eegene Public sécheren.
Luerenzweiler - VC Belair 3:0
Wichteg Victoire och fir Luerenzweiler géint den direkte Konkurrent vum Belair. Virun dëser Ausernanersetzung stounge sech béid Ekippen an der Tabell ganz no. De VCL huet doheem virum eegene Public hirem Géigner awer keng Chance gelooss a wënnt an 3 Sätz däitlech.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Volleyball
Damme-Volleyball
Dikrech - Stengefort 3:1
Kuriéis goung et am Duell tëscht zwee direkte Konkurrenten zou. Am 1. Saz hat Stengefort nach d'Nues vir, dat sollt sech awer duerno séier änneren. 3 Sätz hannerenee konnten d'Dikrecher Dammen du wannen, fir um Enn d'3:1-Victoire virum eegene Public ze feieren.
Mamer - VB Iechternach 3:1
Am Kellerduell tëscht Mamer an Iechternach hat déi liicht favoriséiert Heemekipp an den éischten zwee Sätz keng Problemer. Duerno hu si am 3. Saz e bëssen nogelooss, ma am 4. konnten si de Sak zoumaachen.
Walfer - Péiteng 3:1
Den RSR Walfer konnt sech am Match géint de V80 Péiteng behaapten. De V80 wollte den Haushären e Fouss stellen, koum awer net dozou well den RSR ze dominant war. Walfer ass gutt an de Match komm, huet just am 2. Saz e bëssen nogelooss, ier se duerno awer erëm ugezunn an d'Victoire kloer gemaach hunn.
Stroossen - Gym 2:3
Serréiert goung et bei der Ausernanersetzung tëscht Stroossen an der Gym zou. All Saz ass knapp ausgefall, ier d'Gym um Enn d'Nues virhalen an d'1. Positioun an der Tabell séchere konnt.