Tirage vun de Véierelsfinalle vun der Coupe am Handball

© Serge Olmo
Déi Lëtzebuerger Handball-Nationalequipe hat zu Bouneweg e Preparatiounsmatch géint Litauen gespillt.
Et gouf sech op d'Prequalifikatiounsmatcher virbereet am Kader vun der EM 2022. D'Géigner heeschen am Januar Bulgarien, Irland a Groussbritannien.
Lëtzebuerg huet de Preparatiounsmatch géint Litauen mat 29-31 verluer.
An der Paus war et den Tirage vun der Coupe.
Bei den Dammen:
HB Museldall-HB Diddeleng
CHEV Dikrech-HC Standard
HB Käerjeng-HBC Schëffleng
HB Beetebuerg-HB Esch
Bei den Hären:
HB Miersch (+3)- HB Kärjeng
HB Esch-HB Péiteng
HC Atert Réiden (+3)-HB Diddeleng
an de Spëtzematch Red Boys Déifferdeng-HC Bierchem
Et gëtt de Weekend vum 1. Dezember an der Coupe gespillt.